
E Léieruert ass een Treffpunkt fir Mënschen déi zesumme wëllen d’Welt a sech selwer entdecken. Et ass idealerweis e Gebai mat ville Raim, an deenen duerch entspriechend Ressourcen ënnerschiddlech Aktivitéiten an de Beräicher Konscht, Beweegung, Wëssenschaft, Meditatioun a prakteschem Wëssen erméiglecht ginn. Ronderëm dat Gebai gëtt et een Terrain, op deem ugeplanzt, gefuerscht a gespillt gëtt, souwéi en Zougang zu Naturberäicher wéi Bësch, Baach a Weier. E Léieruert sicht och den Austausch mat der Mënschecommunautéit déi en emgëtt, siefen dat Betriber, Clibb, Crèchen, Altersheemer oder einfach nëmme Famillen.

Demokratie am Kader vun där Plaz bedeit, dass all déi Mënschen, déi do zesumme wierken, onofhängeg vun hirem Alter gemeinsam festleeë wéi eng Reegelen noutwenneg sinn fir dass jiddereen sech fräi, sécher a respektéiert fillt. A reegelméissege Versammlunge ginn déi Reegelen iwwerpréift an ugepasst, souwéi Konflikter tëschent de Mêmbere geléist. Och ginn do nei Virschléi fir d’Weiderentwécklung vum Léieruert diskutéiert an ofgestëmmt. D’Eltere vun de Jonken déi de Léieruert besichen gi souwäit wéi méiglech an de Fonctionnement mat abezunn.

Uechtsamkeet heescht, dass an der Gestioun vum Léieruert e grousse Wäert op Bewosstheet geluecht gëtt. Dozou gehéiert:
– séng eege Gefiller wouerhuelen, erkennen a matdeele kënnen
– op säin eegene Kierper lauschteren a verantwortlech mat em ëmgoen
– déi aner Mêmbere vum Léieruert an hir Bedierfnesser kennen an uechten
– d’Natur ronderëm de Léieruert bewosst kucken, spieren a respektéieren
– d’Material an d’Uerdnung vum Léieruert verantwortungsvoll behandelen an erhalen
Dës Forme vun Uechtsamkeet gi mat gréisstméiglechem Asaz vun de Léierbegleeder virgelieft an a villen ugebuedenen Aktivitéiten trainéiert.

Selbstbestëmmung bedeit, dass d’Handelen an eiser Communautéit aus eegener Iwwerleeung an Entscheedung eraus erfollegt. Jiddereen ass selwer verantwortlech dofir, wéi a mat weem e séng Zäit verbréngt. Et gëtt kee Stonneplang, keng Flichtaufgaben (ausser deenen déi mer gemeinsam ofstëmmen) a keng virbestëmmte Gruppen oder Alterskategorien. Een Haaptzil vum Léieruert ass d’Fërderung vu selwer gesteierter Entfalung, an dozou gehéiert dass keen engem virschreift wat ee léiere soll. Och gëtt et keng Bewäertungen a Vergläicher ausser deenen, déi ee vis-à-vis vu sech selwer virhëlt. D’Léierbegleeder bidden awer hir Ënnerstëtzung u wa se erwënscht ass, a si offréieren oder organiséiere Couren an Atelieren zu hiren eegene Passiounen.
D’Ofkierzung Ludus als eegenen, laténgesche Begrëff bedeit esouwuel “Schoul” an “Training” wéi och “Spill”, “Sport”, “Spaass” an “Entertainment”. Si dréckt de Geescht aus, an deem d’Aktivitéite vun eisem Léieruert stattfanne sollen.